Am Fong
Am Fong
56 min
1.712 Mënsche waren zejoert Affer vu Gewalt am Stot, Frae méi dacks wéi Männer, mee iwwer 39 Prozent vun den Affer si Männer. D'Frae sinn och zu engem Drëttel Täter. Dat weisen déi lescht Zuele vun zejoert vun de Police-Interventiounen an den Ausweisungen. D'Interventiounen si liicht zréckgaangen, d'Ausweisung, also d'Expulsiounen duerch de Parquet, nach méi.
Hannert de Chiffere verstoppen sech Persounen, deemno ass all Mënsch een ze vill. Gewalt am Stot ass keng Privatsaach, a geet jiddereen eppes un. Mee de Sujet, Gewalt Doheem ass nach ëmmer en Tabuthema. Net all Persoun, déi Affer vu Gewalt gëtt, mellt de Virfall och bei der Police.
Haut verschafe mer eis e Bléck an der Police hir Aarbecht. Wéi gëtt d'Police forméiert? Wat fir eng Moyenen huet si zur Dispositioun ? Wéi intervenéiert se um Terrain? Wat däerf d'Police laut dem Gesetz? D'Emissioun Am Fong geet deene Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.