Am Fong
Nationalen Dag vum Bam
55 min
Zanter 1991 gëtt zu Lëtzebuerg den 19. November den nationalen Dag vum Bam gefeiert. Vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur an d'Liewe geruff, ginn am Virfeld all Joers uechtert d'Land an e sëllege Gemenge Beem a Straicher geplanzt. Jiddweree kann un der Aktioun deelhuelen a selwer een oder méi Beem planzen, beim offiziellen Deel vum Planze vu Beem an Hecke mathëllefen, oder einfach en Don maachen, am Sënn vun der Natur.
Wéi geet et eise Bëscher a Straicher? Wisou si Beem an eisem Liewensraum wichteg? Wéi leiden se ënner dem Klimawandel? Wat bewierkt dësen an eise Bëscher?
D'Emissioun geet dëse Froen op de Fong a gëtt Äntwerte mam Expert Jim Schmitz, Vize-President vun der Stëftung natur&ëmwelt.