Am Fong
Weltdag Diabeetes
55 min
All Joers gëtt um 14. November de Weltdag vum Diabeetes gefeiert, fir engersäits op d'Risike vun dëser chronescher Krankheet opmierksam ze maachen, anerersäits fir op déi méiglech Preventiounsmoyenen hinzeweisen. Zu Lëtzebuerg gëtt geschat, datt eng 30.000 Persounen vun Diabeetes betraff sinn.
Diabeetes trëfft déi ganz Populatioun, net just Erwuessener, ëmmer méi Kanner kréien Zocker.
Wisou ass dat esou? Wisou ass et wichteg Diabeetes ze erkennen? Wou a wéi kann ech mech depistéiere loossen? Wat gëtt et vun Therapien?
D'Emissioun geet dëse Froen op de Fong mat der Sylvie Paquet aus dem Comité scientifique vun der association luxembourgeoise du diabète, der ALD.