Am Fong
Studierees Auschwitz-Birkenau
55 min
An der Allerhellegevakanz hunn eng ronn 130 jonk Schüler eng pedagogesch Rees a Polen op Auschwitz-Birkenau gemaach. Organiséiert gëtt dës all Joers an zanter 25 Joer vun der Associatioun Témoins de la 2e génération. 2001 gegrënnt, setzt d'ASBL sech géint Intoleranz, Rassismus, Xenophobie an Antisemitismus an. Am Numm vun der Mémoire a fir géint d'Vergiessen ze kämpfen huet de Charles Goerens 1995 déi éischt Rees initiéiert an organiséiert.
D'Emma Garson, d'Angela Perl, de Francesco Bordinio ware fräiwëlleg dohinner, fir dat wat si aus de Geschichtsbicher kennen, ze gesinn. A Begleedung vum Marc Schoentgen, dem Vize-President vun der ASBL Témoins de la 2e génération. D'Associatioun organiséiert zanter 25 Joer dës Reesen.
An der Emissioun iwwermëttelen déi jonk Schüler tëschent 18 an 22 Joer hir Andréck an dat, wat si iwwer d'Shoah geléiert hunn. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.