Am Fong
Auto Wantercheck
55 min
D'Deeg gi méi kuerz, d'Nuechte méi kal an d'Stroosse méi geféierlech. Blieder, Waasser a Schnéi kënne séier eng Gefor op der Strooss ginn. Och d'Karosserie an de Lack vum Auto leiden ënner dem schlechte Wieder an de verännerte Stroossebedéngungen.
Wéi maachen ech mäin Auto wanterfest? Wat muss ech do berücksichtegen?
Nieft Pneuen, Luuchten, Spigelen oder d'Batterie ginn et och - wann d'Deeg méi kuerz ginn, aner Geforen, ob déi een oppasse sollt am Verkéier. Fir besser doduerch ze kommen a mat Respekt an Antizipatioun aneren, déi och vun A op B ënnerwee sinn, entgéint ze kommen, mécht d'Emissioun Am Fong mam Frank Maas vum ACL de Point.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.