Am Fong
30 Joer Fairtrade Lëtzebuerg
55 min
Fairtrade Lëtzebuerg feiert e ronne Gebuertsdag. Zanter 30 Joer setzt sech d'ONG fir méi Fairness am Handel an. D'ASBL gouf 1992 gegrënnt, als Deel vum internationale Fairtrade System.
Wat emol kleng ugefaangen huet ass haut en Trend. 2020 huet eng Etüd erginn, datt 96 Prozent vun den Awunner zu Lëtzebuerg de fairen Handel kennen. 74 Prozent soten, datt si Produite konsuméieren oder kafen.
1,4 Milliarde Mënschen liewen ënner der Aarmutsgrenz a verdénge manner wéi een Dollar 25 pro Dag. 70 Prozent vun deene Mënsche liewen a rural Zonen, wou d'Landwirtschaft Haaptakommes-Quell ass. 1,9 Millioune Produzenten an Aarbechter an iwwer 70 Länner kréien dank Fairtrade eng besser Liewenssituatioun. Ëmmer nach gi Fraen a Kanner duerch Zwangsaarbecht ausgebeut.
Fairtrade kämpft fir méi Gerechtegkeet am internationalen Handel a setzt sech an, fir datt d'Produzenten an Aarbechter an Afrika, Asien a Latäinamerika e bessert Liewen hunn.
Wat awer bedeit fairen Handel? Wie profitéiert dovunner? Wat huet de Konsument dovunner? A wéi wäit huet de Label sech affirméiert, a wat fir eng nei Erausfuerderunge muss Fairtrade sech stellen an Zäite vu Klima- an Energiekris, an dem Krich an der Ukrain. D'Emissioun geet deene Froen op de Fong. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.