Am Fong
Weltdag vum Hiereschlag
56 min
Den Hiereschlag ass an Europa eng vun den Haaptursaache vu der Mortalitéit an Invaliditéit, an déi zweet Cause vun Demenz no Alzheimer. Zu Lëtzebuerg hu pro Dag eng ronn véier Persounen een Hiereschlag.
Fir gréisser Komplikatiounen duerno ze verhënneren, ass et besonnesch wichteg de Schlag esou séier wéi méiglech ze erkennen an dann och ze reagéieren. Den Hiereschlag kënnt wéi de Blëtz, an duerno ass näischt méi d'selwecht.
E Samschdeg, den 29. Oktober, ass de Weltdag vum Hiereschlag, an an deem Kader kläert d'ASBL Blëtz iwwer d'Symptomer vum Hiereschlag op. En Hiereschlag ka jiddwereen treffen, an hei ass et da wichteg wa Persounen, déi dobäi sinn, dat mat Zäiten erkennen an déi richteg Gesten adoptéieren.
Wéi schafft d'ASBL Blëtz, wéi sensibiliséiert d'Associatioun? Wisou ass Preventioun wichteg? D'Natasha Ehrmann ass am Gespréich mat der Malou Wagner vun der ASBL Blëtz.