Am Fong
Stëmm vun der Strooss
57 min
Ënner dem Impuls vu Präisdeierecht an Energiekris geet och d'Zuel vun de Persounen, déi un der Aarmutsgrenz liewen, erop: jonk Mënschen, Chômeuren, Locatairen a Monoparentauxen, neierdéngs ëmmer méi Mënschen déi net onbedéngt op der Strooss liewen, mee awer déi zwee Enner net méi beienee kréien.
Eng Hausse, déi d'Stëmm vun der Strooss um Terrain an an hire soziale Kantinne konstatéiert.
D'Emissioun Am Fong mécht e Point iwwer hir Aarbecht um Terrain, nei Besoinen an déi nei Strukturen, déi zur Dispositioun stinn. D'Alexandra Oxacelay, Directrice vun der Stëmm vun der Strooss ass beim Natasha Ehrmann am Studio.