Am Fong
Kiercheguide Formatioun
57 min
Interesséiert Dir Iech fir Kierchen? Gidd Dir iwwerall, wou Dir sidd Kierche kucken? Genéisst Dir déi gewësse Mystik, déi een an de rouege Raim vun der Kierch entdeckt?
Da sidd Dir vläicht dorunner interesséiert Kiercheguide ze ginn? D'Erwuessebildung proposéiert den Ament en neie Cours fir Kiercheguide ze ginn.
An enger Kierch ass ee bannent hellege Raim, wou Konscht, Glawen, Spiritualitéit, Architektur a Geschicht zesummefannen. Deejéinegen, dee se betrëtt, gëtt mat enger Hellewull Aspekter vun der Kierch konfrontéiert. D'Exploratioun vum Lieu selwer, déi spezifesch Konschtwierker, oder wien huet se wisou a wéini gebaut.
Fir d'Kierchen an hire Kontext ze setzen a se besser ze verstoen, ginn et forméiert Kiercheguiden. Si initiéieren a vermëttele allgemeng Kenntnisser iwwer de Patrimoine an d'Architektur vun de Kierchen.
Fir iwwer dës Formatioun an all déi Aspekter ze schwätzen ass d'Laure Simon vun der Erwuessebildung beim Natasha Ehrmann am Studio.