Am Fong
Trauerwee
55 min
Wann eng Persoun an enger Famill stierft, geréit déi an ee groussen Desequiliber, an et ass eng immens Erausfuerderung fir den Alldag ze meeschteren.
D'ASBL "Trauerwee" ass do fir Kanner, Jugendlecher a Famillje beim Verloscht vun enger nostoender Persoun ze begleeden. Op Aenhéicht mat de Kanner bitt d'Associatioun Kannertrauergruppen, Eenzelgespréicher, wéi och Therapien un.
Donieft och Berodung a Supervisioun an de Schoulen a Maisons relaisen, Crèchen oder Foyeren.
Formatiounen hält den Trauerwee an hire Raimlechkeeten zu Téiteng an zu Béiwen of, fir esou de Professionellen an Interesséierten eng Sécherheet ze ginn am Ëmgang mat trauernde Kanner a Jugendlechen.
Wat bedeit Trauer? Wéi geet en domadder ëm, wéi kann engem wéi hëllefen?
D'Emissioun "Am Fong" geet dem sensibele Sujet op de Fong. d'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.
Invitéeë sinn d'Christiane Rassel-Clees, Vizepresidentin vun "Trauerwee" an d'Simone Thill, Directrice vun der Asbl.