Am Fong
Fotografie
56 min
D'Emissioun Am Fong kuckt duerch dem Fotograf seng Lëns:
Wéi gëtt ee Fotograf? Wat bedeit de Beruff an der digitaliséierter Welt? Brauche Leit nach Fotografen?
Wouranner läit d'Konscht an der Fotografie ze bestoen?
Fir op dës an aner Froen ze äntweren ass e Mann am Studio, dee Gruppen-Expoen, Solo-Ausstellungen a Pressefotografie op sengem Aktiv huet. Ee Mann, dee souwuel als Artist a fir ze berichte Fotoe mécht a fir deen alles als Bouf ugefaangen huet, fir dee Fotografie awer virun allem Passioun bedeit.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.