Am Fong
Meteo: Ass de leschte Summer déi nei Normalitéit?
56 min
Wien op de leschte Summer zeréckkuckt, verhält datt et zu Lëtzebuerg ganz sonneg, ze waarm, an däitlech ze dréche war. Expert:inne schwätze vun enger Saison, déi bis ewell all Rekorder iwwertraff huet. An jiddweree stellt sech d'Fro, op de Summer 2022 déi nei Normalitéit gëtt?
900 Stonne Sonn an e grousse Reendefizit. D'Wäerter, déi op der nationaler Wiederstatioun um Findel gemooss goufen, iwwertreffen all bis ewell verfaassten Zuelen.
D'Emissioun am Fong kuckt mam Meteorolog vu Météolux op de Summer zeréck, mécht e Bilan a wot eng Prognos fir de Wanter. Zentral Fro sinn awer, ob de leschte Summer Synonym vum Klimawandel ass, wouropper ee sech an Zukunft astelle muss? Mee och, wéi d'Wieder eigentlech gemooss gëtt, a wéi am Alldag bei Météolux geschafft gëtt.