Am Fong
Wat si Kreativ Beruffer?
56 min
Dëse Sonndeg ass am 1535 Creative Hub zu Déifferdéng Portes ouvertes, an tëscht 11 Auer Moies an 8 Auer owes hutt der d'Méiglechkeet an dësem historeschen Gebai vun der Gemeng Déifferdeng, kreativ Aarbecht quasi live ze erliewen. De Creative Hub zu Déifferdeng ass eenzegaarteg well eben hei ënnert dem selwechten Dach an enger dynamescher a gemeinschaftlecher Atmosphär kreativ Aarbecht geleescht gëtt.
An dofir sti kreativ Beruffer haut an d'Emissioun "Am Fong" am Mëttelpunkt. Meng zwee Invitéeën sinn d'Roxanne Flick, Designerin an der Haaptsaach fir Miwwelen an soss Accessoiren fir fir Doheem. An den Gilles Scaccia deen als Kousca Design als Grafiker schafft.