Am Fong
Rosa Oktober
56 min
Der Welt Gesondheets Organisatioun no, ass Broschtkriibs deen déidlechste Kriibs ënnert de Fraen. Zu Lëtzebuerg ass Broschtkriibs deen heefegsten bei Fraen tëschent 50 a 70 Joer.
An der Lutte géint Krankheet gëtt an der Haaptsaach op Preventioun gesat.
Symbolesch steet d'Faarf Rosa als Solidaritéit am Mëttelpunkt vu Campagnen, Gespréicher, a symboleschen Aktiounen déi op Broschtkriibs Opmierksam maachen.
D'Iddi "Rosa Oktober" kënnt aus den USA, wou 1985 Fraen an d'Strooss gaange sinn, fir géint den Tabu ronderëm d'Krankheet an dem Depistage ze manifestéieren.
Haut gëtt verstäerkt op Preventioun gesat. Wisou ass den Depistage wichteg ?
Wat dat konkret bedeit? Wat sinn d'Zuelen zu Lëtzebuerg ? Wat maache wann d'Diagnos Broschtkriibs steet ? Wéi sensibiliséiert d'Aktioun Rosa Oktober ?
D'Natasha Ehrmann geet de Froen op der Fong an der Emissioun am Fong, haut mat der Direktesch vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes.