Am Fong
Long-Covid
57 min
De Coronavirus huet bannent kuerzer Zäit d'Welt op d'Kopp gestallt. Fir d'Propagatioun vum Virus ze bremse goufen onbekannt a restriktiv Mesure getraff, déi Gewunnechten a Besoine massiv ageschränkt hunn.
Covid-19 mécht net just de Mënsch kierperlech krank, och d'Psyche ass impaktéiert. Bei Persoune mat Long-Covid nach méi. Patiente kloen iwwer Konzentratiouns-Schwieregkeeten a reduzéiert mental Capacitéiten. Een Drëttel vun de Patienten, déi ënnert Long-Covid leiden, hunn dës Symptomer. Dës Persoune fannen Hëllef an der Rehaklinik vum Centre Neuro Psychiatrique zu Ettelbréck.
Wat bedeit et Long-Covid ze hunn, wat ass den aktuelle Stand vun der Krankheet? Wisou impaktéiert de Virus d'Gehier? D'Natasha Ehrmann geet dëse Froe mam den Dr. Charles Benoy vum Rehazenter op de Fong.