Am Fong
Sexuelle Mëssbrauch
56 min
D'Erwuessebildung proposéiert ee Zyklus vu Konferenze ronderëm verschiddenen Tabutheemen. Dat éischt Theema ass sexuelle Mëssbrauch.
Haut den Owend (6.10.) ass e Gespréichskrees fir Frae mam But sech matzedeelen, Ënnerstëtzung ze bidden a géint Mëssbrauch unzekämpfen. Betraffe Persounen a Mënschen aus hirem Entourage kënnen an engem sougenannte Safe space zesummefannen.
D'Anna Dannfelt féiert duerch den Owend. Si ass vu sexuellem Mëssbrauch betraff a schafft haut mat hirer Experienz mat Kanner an Erwuessener, déi abuséiert goufen. Am Zentrum vun hirer Aarbecht steet d'Fro vum Opschaffen.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.