Am Fong
Sécher am Netz
57 min
D'Thema Cyber Kriminalitéit ass mëttlerweil eng eescht Menace fir d'Politik an d'Ekonomie, et bergeet kaum een Dag wou keng Hacker Attack op eng Entreprise gemaach gëtt.
Cyber Kriminalitéit trefft all Sparte vun der Gesellschaft a schläicht sech iwwer verschidde Weeër an eng Email Inbox, op den Handy, duerch den Online Shopping, Streaming Plattformen, Chat Applikatiounen erun.
Wat maachen wann een Affer vu Cyberkriminalitéit ass ? Wéi schützt ee sech, seng Kanner, déi Jonk?
Äntwerte liwwert d'Emissioun am Fong mat der Debora Plein vu Bee Secure.