Am Fong
Fetalen Alkoholismus Syndrom
55 min
Wa schwanger Fraen Alkohol drénken, kann dat fir d'Kand dramatesch an irreversibel Suitten hunn. Folgen un deenen d'Kand säi ganzt Liewen laang leit. Geschwat gëtt an deem Fall vun Fetalem Alkoholsyndrom (FAS).
D'Schied, déi an der Schwangerschaft entstane sinn, si net méi réckgängeg ze maachen. Dowéinst setzt de Service Quai 57 vun der Arcus ASBL virun allem op d'Opklärung. Dat betrëfft net nëmmen d'Fraen, mee duerchaus och d'Männer. Wat genee ass FAS? Wisou gëtt de Problem ëmmer nach ënnerschat? Wat sinn d'Konsequenzen fir déi betraffe Kanner? Wéi kann ee preventif virgoen?
D'Emissioun Am Fong geet den Äntwerten op de Fong.