Am Fong
Bird Watch Day
55 min
Eent vun 12 Vulleschutzgebidder zu Lëtzebuerg ass déi 88 Hektar grouss d'Schlammwiss. Dat gréisstent Fiichtgebidd zu Lëtzebuerg, wat fir eng hellewull Vullenaarten een Doheem ass.
E wichtege Liewensraum fir allerlee Déieren, vu klengen Insekte bis hin zu Villercher. D'Schlammwiss ass gläichzäiteg dat gréisstent Schilf-Gebitt hei am Land.
Wat ass d'Wichtegkeet vun der Schlammwiss? Wat ass d'Wichtegkeet vu den Aarten déi do wunnen? Wat soen Zuchvullen iwwert eisen Ekosystem aus? A wéi wäit impaktéiert de Klimawandel hir Gewunnechten? Froen deenen d'Natasha Ehrmann an der Emissioun Am Fong op de Fong geet, mam Jim Schmitz vu Natur an Emwelt.