D'Covid-Pandemie, de Krich an der Ukrain, d'Onsécherheet, déi wiisst, Mënschen, déi vereinsamen - eis Gesellschaft ass belaascht, ëmmer méi Persoune weisen Unzeechen vun Depressioun, oder Angschtstéierungen, eng vun den heefegsten Erkrankungen an eiser Gesellschaft.
Net nëmmen Erwuessener leiden, och Kanner si betraff - der Welt Gesondheets Organisatioun no leiden eng ronn 20 Prozent Kanner a Jonker weltwäit un enger psychescher Erkrankung.
Wat sinn d'Unzeechen vun enger mentaler Krankheet? Wéi gëtt se behandelt? Wisou leit eis Gesellschaft? Froen, déi d'Natasha Ehrmann dem Sacha Bachim stellt, iwwerdeems hie säi Buch "Therapie To Go" virstellt.