D'Präisdeierecht, eng Pandemie déi nach lauert, de Gas, dee knapp gëtt, de Präis vum Bensin, deen an d'Luucht geet, e Krich virun der Dier, de Klimawandel ... Esou ënnerschiddlech dës Krise sinn, se halen un a beréieren a beaflossen eis alleguerten. All eenzel Persoun reagéiert aneschters op dës Changementer, d'Ongewëssheet mécht de Mënschen ze schafen an Angscht.
Wéi ginn ech domadder ëm? Wat maachen, wa mäin Alldag op eemol ze vill vun deenen Ängschten a Suergen impaktéiert ass? D'Natasha Ehrmann geet mat der Psychologin Catherine Richard der Fro vun der Angscht op de Fong.