Am Fong
Sécher um Vëlo
55 min
De Vëlo kennt den Ament e Boom. Bedéngt duerch d'Energiepräisser déi klammen, der Ëmwelt zur Léift, dem Wonsch no enger anerer Liewensqualitéit, benotzen ëmmer méi Persounen de Vëlo als Haapt-Transportmëttel.
Nieft Foussgänger, Autoen, Trottinetten gëllen deemno och um Vëlo streng Reegele fir sécher vun A op B ze kommen.
Wéi ekipéieren ech mech a mäi Vëlo a wourop muss ech oppassen fir e sécheren Deel vum Verkéier ze sinn? Mam Vize-President vun der ASBL Pro Velo, Philippe Herkrath, mécht d'Natasha Ehrmann e Vëlos-Check a rappelléiert wichteg Verkéiersreegelen.