arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Peter Tosh: Eng Reggae-Legend
Den 11.9.1987, viru 35 Joer, gouf de Museker ënner ongekläerten Ëmstänn ëmbruecht. Hien huet, nieft Bob Marley a Bunny Wailer, de Reggae weltwäit bekannt gemaach.
Op eemol war d'Televisioun faarweg
Am Kader vun der Internationaler Funkaustellung zu Berlin huet den deemolegen Ausseminister a Vize-Kanzler Willy Brandt de 25. August 1967 op de roude Knäppche gedréckt.
Gruppe 47: Eng bedeitend intellektuell Struktur
Viru 75 Joer huet den däitsche Auteur Hans-Werner Richter dës labber Associatioun vu Schrëftsteller a Literaturkritiker gegrënnt an e puer Schrëftstellergeneratiounen e Forum gebueden.
D'Schwanger Auster zu Berlin kritt 65 Joer
D'Berliner Kongresshalle gouf als Haus der Kulturen der Welt no Renovatiounsaarbechten 2007 nees offiziell inauguréiert. Viru 65 Joer ass hir Geschicht ugaangen.
Werner Herzog: E Cineast, deen d'Gefor gären huet
Den däitsche Cineast a Produzent krut gëschter 80 Joer. Hien zielt zu de grousse Vertrieder vum Autorefilm a vum neien däitsche Film.
Den Terror bei den Olympesche Spiller zu München
E Grupp vun aacht palästinenseschen Terroristen hunn de 5. September 1972 dat Olympescht Duerf iwwerfall an eelef israeelesch Athleeten als Geisel geholl.
Goethe-Schiller-Monument zu Weimar
Am September 1857, virun 165 Joer gouf d'Goethe- a Schiller-Monument zu Weimar offiziell inauguréiert, an et steet och haut nach als Symbol vum Land vun den Dichter an Denker.
UFA: "Gutt Zäiten a schlecht Zäiten"
Virun 105 Joer gouf zu Berlin d'Universum-Film- und Aktiengesellschaft, bekannt als UFA, gegrënnt. D'UFA-Filmer a -Schauspiller stounge fir e perfekte Kinos-Divertissement.
Mostra Di Venezia: Deen eelste Filmfestival vun der Welt
Vun haut bis den 10. September ass zu Venedeg déi 79. Editioun vun den internationale Filmfestspiller. De 6. August 1932, viru 90 Joer, war d'Ouverture vun der éischter Editioun.
Ingrid Bergman: Eng Mëschung aus Onschold a Sensualitéit
Den 29. August, also gëschter, war am Liewen vun der schweedescher Actrice e speziellen Datum, si ass nämlech op engem 29. August gebuer an och gestuerwen.
Gottfried John: Dee Béisen aus dem Bond-Film "GoldenEye"
Deen däitschen Acteur hätt elo 80 Joer kritt, ass awer den 1. September 2014 gestuerwen.
Charles Baudelaire
Eréischt nom Doud krut deem gréisste franséische Poet seng Literatur a seng Lyrik déi Unerkennung, déi se och verdéngt huet. Virun 155 Joer ass hien, 46 Joer jonk, gestuerwen.
Jerry Lewis: Ee vun de gréisste Komiker vun allen Zäiten
De grousse Komiker an Entertainer Jerry Lewis ass viru fënnef Joer am Alter vun 91 Joer gestuerwen.
Paulo Coelho: Den Auteur mat der einfacher Sprooch
Leni Riefenstahl: Vun der Nazi-Propaganda matgerappt ginn
Ass der däitscher regisseurin hiren Olympia-Documentaire vun 1938 e Meeschterwierk aus der Filmgeschicht oder een eeklegt Nazi-Propagandawierk?
John Lee Hooker: E grousse Bluesmuseker
Den amerikanesche Blues-Gittarist a -Sänger huet de Blues a Rock vum 20. Joerhonnert nohalteg markéiert. Hie gouf haut virun 105 gebuer.
CD: D'sëlwer Scheif huet hir bescht Zäit hanner sech
D'CD gëtt et scho 40 Joer a se huet eng gelleg Success Story erlieft. Et ginn e puer Méiglechkeete fir den Anniversaire vun der CD ze feieren.
George Tabori: Eng Theaterlegend
Als wuel déngschteelsten Theaterregisseur vun der Welt ass hie viru 15 Joer am Alter vun 93 Joer gestuerwen.