Retromania
Leni Riefenstahl: Vun der Nazi-Propaganda matgerappt ginn
120 Joer waren et gëschter hier (22.8.), datt eng ass vun den interessantsten an ëmstriddenste Figuren an der Geschicht vum Kino op d'Welt koum: d'Leni Riefenstahl. Si hat Passioun, si hat Visiounen a virum allem si hat Talent. Mee si huet sech awer vun nationalsozialistescher Propaganda-Maschinnerie matrappe gelooss.
Viru bal 85 Joer hat der däitscher Cineastin hiren Documentaire "Olympia" Première zu Berlin. E Film, deen, wéi si selwer, méi wéi ëmstridden ass. Ass "Fest der Völker" - "Fest der Schönheit" elo e Meeschterwierk aus der Filmgeschicht oder een eeklegt Nazi-Propagandawierk? Dat ass eng Fro déi ëmmer an ëmmer nees diskutéiert gëtt, eng definitiv Äntwert wäert et wuel ni ginn.
De Jean Claude Majerus werft e Bléck op d'Leni Riefenstahl