Retromania
Mostra Di Venezia: Deen eelste Filmfestival vun der Welt
5 min
Vun haut u bis den 10. September dëst Joer gëtt zu Venedeg déi 79. Editioun vun den internationale Filmfestspiller organiséiert. D'Mostra di Venezia ass deen eelste Filmfestival op der Welt a gehéiert nieft dem Filmfestival vu Cannes an der Berlinale, zu den dräi bedeitendsten internationale Filmfestivallen, déi et gëtt.
De 6. August 1932, virun 90 Joer, war d'Ouverture vun der éischter Editioun vun de Filmfestspiller vu Venedeg, an zanter deem gëtt all Joers Enn August-Ufank September aus dem Lido zu Venedeg eng Zort Mini-Hollywood, mat awer engem mediterranen Touch. E Portrait vun der Mostra mam Jean Claude Majerus