Retromania
Goethe-Schiller-Monument zu Weimar
6 min
Dat ganz bekannte Goethe- a Schiller-Monument zu Weimar ass e sougenannt Duebelt-Monument. Et weist déi zwee grouss däitsch Dichter Johann Wolfgang von Goethe an de Friedrich Schiller. Dëst Monument steet zu Weimar virum Däitschen National Theater, ass aus Bronze a gouf vum bedeitenden däitsche Sculpteur Ernst Rietschel kreéiert. Speziell ass, datt d'Statue vum Goethe a vum Schiller d'selwecht héich sinn, obwuel de Schiller eng Grëtz méi grouss war wéi de Goethe.
Zanter 1998 gehéiert dëst Monument mam klassesche Weimar zum Welt-Kulturierwe vun der UNESCO: De 4. September 1857, virun 165 Joer, gouf d'Goethe- a Schiller-Monument zu Weimar offiziell inauguréiert, an et steet och haut nach als Symbol vum Land vun den Dichter an Denker. Explikatioune Jean Claude Majerus