Retromania
Den Terror bei den Olympesche Spiller zu München
10 min
Et ass sécher, nieft den Olympesche Spiller 1936 zu Berlin, eent vun de ganz däischtere Kapitelen an der olympescher Geschicht, wat de 5. September 1972 wärend den Olympesche Spiller zu München geschitt ass. E Grupp vun aacht palästinenseschen Terroriste mam Numm Schwaarze September hunn am Olympeschen Duerf an am Quartier vun der israeelescher Delegatioun eelef israeelesch Athleeten als Geisel geholl. No laangen an zéien Negociatioune koumen um Enn, beim Versuch d'Geisele fräi ze kréien, all eelef israeelesch Sportler, fënnef Terroristen an een däitsche Polizist ëm Liewen.
1972 sollt d'Jugend vun der Welt zu München Rendez-vous hunn, et sollten déi lëschtegt a friddlechst Olympesch Spiller ginn, mee mam Moie vum 5. September 1972 war dann eriwwer. De Jean Claude Majerus erënnert un d'Attack wärend den Olympesche Spiller zu München, haut op den Dag viru 50 Joer.