Retromania
D'Schwanger Auster zu Berlin kritt 65 Joer
5 min
An der Berliner Ëmgangssprooch heescht se Schwangere Auster a gemengt ass domat d'Berliner Kongresshalle. Als Haus der Kulturen der Welt gouf d'fréier Berliner Kongresshal no Renovatiounsaarbechten 2007 nees offiziell inauguréiert, an dat huet deemools gepasst, well d'Berliner domadder hirer schwangerer Auster hire 50. Anniversaire gefeiert hunn. 2016 gouf d'Kongresshall, oder op d'mannst en Deel dovun, de klengen Auditoire, nees renovéiert, an dëst Joer steet de 65. Anniversaire op der Affiche.
Mee wat huet d'Kongresshal net alles erlieft, de Kaméidi vu sowjetesche Militärjetten, de rouegen Dalai Lama an de geckege Klaus Kinski. Op hirer Bün krut de fréiere Bundeskanzler Kiesinger vum Beate Klarsfeld eng op de Back, an hir hunn amerikanesch Presidenten emotionell Riede gehalen, se gouf dacks ëmgebaut an ass esou guer eng Kéier zu engem Deel zesummegefall, an awer steet se nach ëmmer a gehéiert zu Berlin wéi d'Brandenburger Tor. Explikatioune vum Jean Claude Majerus