Retromania
Peter Tosh: Eng Reggae-Legend
8 min
De Jamaikaner Peter Tosh war Sänger, Gittarist, Organist a Komponist fir Ska, Rocksteady, Soul a virun allem Reggae-Musek. Hie war Grënnungsmember vun der Roots-Reggae-Band The Wailers, aus där spéider d'Band Bob Marley and the Wailers gouf. A senge Lidder, déi ganz politesch oder reliéis waren, huet de Peter Tosh iwwer déi feelend Gläichberechtegung vu schwaarze Mënschen an iwwer säi Glawen, deen de Rastafari-Mouvement war, gesongen. Den 11. September 1987, viru 35 Joer, gouf de Peter Tosh ëmbruecht. De Jean Claude Majerus erënnert un dës Ikon vun der Reggae-Musek