Retromania
Gruppe 47: Eng bedeitend intellektuell Struktur
6 min
Et war kee Club an och kee Veräin, a Statuten hat sI och keng. Rieds geet vun der Gruppe 47. Viru 75 Joer huet den däitsche Auteur Hans-Werner Richter dës labber Associatioun vu Schrëftsteller a Literaturkritiker gegrënnt, an aus der Gruppe 47 gouf eng bedeitend Intellektuelle-Struktur vun der deemools jonker Bundesrepublik Däitschland. Ob elo e Günter Grass, e Martin Walser oder en Heinrich Böll: d'Gruppe 47 huet et fäerdeg bruecht direkt e puer Schrëftstellergeneratiounen am Nokrichsdäitschland e Forum fir sech ze artikuléieren ze bidden: 1947 gouf d'Gruppe 47 gegrënnt an 1977 nees opgeléist. Dertëscht huet se awer déi däitsch Kultur nohalteg markéiert. Explikatioune Jean Claude Majerus