Retromania
UFA: "Gutt Zäiten a schlecht Zäiten"
6 min
Virun 105 Joer gouf zu Berlin eng Firma gegrënnt, där hir Firme-Logo zu engem Synonym fir d'Dreem um groussen Ecran gouf. Rieds geet vun der Universum-Film- und Aktiengesellschaft, oder besser bekannt als UFA. D'UFA-Filmer oder d'UFA-Schauspiller stounge fir e perfekte Kinos-Divertissement. Dernieft steet d'UFA awer och, an dat soll een net vergiessen, an der Nazi-Zäit fir Massekonscht a Massemanipulatioun. Haut ass UFA d'Markenzeeche vun der gréisster däitscher Film- an Televisiousngesellschaft, an d'Geschicht vun der UFA geet vum Kultfilm "Der blaue Engel" bis bei d'Televisiouns-Soap "Gute Zeiten, schlechte Zeiten". Explikatioune Jean Claude Majerus