Retromania
Op eemol war d'Televisioun faarweg
4 min
Haut ass d'faarweg Televisioun selbstverständlech, et schwätzt ee schonn net méi dovun, hautdesdaags si mir um Punkt vun der digitaler Televisioun an extreem héijer Qualitéit, an et geet bal näischt méi laanscht eng OLED Tëlee. An awer kann een haut e Wuert iwwer déi faarweg Tëlee soen, well an Däitschland war viru 55 Joer den Depart vun der faarweger Televisioun. Am Kader vun der Internationaler Funkaustellung zu Berlin huet den deemolegen Ausseminister a Vize-Kanzler Willy Brandt de 25. August 1967 moies um 3 Minutten bis 11 op de roude Knäppche gedréckt, an d'Faarf am Schlappekino war lancéiert. Explikatioune vum Jean Claude Majerus