Retromania
Gottfried John: Dee Béisen aus dem Bond-Film "GoldenEye"
5 min
Et gëtt Acteuren, déi een direkt virun Aen huet, wann een den Numm héiert. An da ginn et déi, vun deenen een den Numm wuel scho mol héieren huet, sech awer net direkt e Bild ka maachen: De Gottfried John ass een dovun. Hien hat en onbestännegt Liewen, mee aus där Erfarung ass awer seng spéider Karriär entstanen.
Deen däitschen Acteur Gottfried John gouf international bekannt duerch de Bond-Film "GoldenEye" vun 1995 mam Pierce Brosnan als 007, wou hien als Generol Ourumov, wéi kéint et anescht sinn, e Béisse gespillt huet. Mee den däitsche Public kennt de Gottfried John virun allem aus wäit iwwer 100 Fernseefilmer. Den Acteur mat deem markante Gesiicht hätt haut 80 Joer kritt, hien ass awer den 1. September 2014 am Alter vun 72 Joer gestuerwen. De Jean Claude Majerus denkt un de Acteur zeréck.