De veganen Tipp mam Marie
Kichelcher mat Lavendel an Zitroun
4 min

Perfekt fir bei den Téi oder de Kaffi
Dauer: 2 Stonnen Infusioun an 10 Minutte Virbereedung a 7 Minutte Baken
Ronn 6 Kichelcher
Mir brauchen:
- 110 g Dinkel-Miel (Typ 630 oder 1050)
- 25 g Mandelen a Pudder
- 1 Pris Salz
- 1 Zoppeläffel Lavendel-Blummen (frësch oder gedréchent)
- 10-20 g Zitroune-Confit (ageluechten Zitrounen)
- 40 g Kokosnoss-Ueleg
- 50 ml Agaven oder Ahorn Sirop
Zoubereedung:
1. De Kokosnoss-Ueleg an enger klenger Schossel schmëlze loossen
2. D’Lavendel-Blummen an den Ueleg vermëschen, mat Plastik ofdecken a fir op d’mannst zwou Stonne stoe loossen
3. No deenen zwou Stonnen de Schäffchen op 180 Grad opwiermen
4. All déi dréche Saachen an enger grousser Schossel vermëschen
5. D’Infusioun mam Lavendel an dem Ueleg an och de Sirop an déi grouss Schossel dobäi mëschen
6. Mat engem grousse Läffel alles e bësse vermëschen
7. Mat den Hänn alles zerdrécken an zu engem eenzegen Deeg zesumme formen
8. Den Zitroune-Confit a kleng Stécker schneiden a bei den Deeg dobäi ginn
9. Ronn 6 Deeg-Bulle formen an op Bakpabeier leeën
10. All Rull mat den Hänn e bëssen erofdrécken, op jeeweils 1 Zentimeter Déckt
11. Fir ronn 8 Minutte baken, bis d’Kichelcher hell brong ginn
12. D’Kichelcher op engem Bakblech mat Lächer ofkille loossen
Rezept inspiréiert vun der EHTL