Radioen

On air

Notturno  |  Jana Horn - After All This Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

De veganen Tipp mam Marie

Verwuerelter

on the headlines

Dauer: 15 Minutte Virbereedung & 1 Stonn opgoe loossen


Fir ronn 30 Verwuerelter brauche mir:

• 500 g Miel (z.B. Typ 55 Weessmiel)

• ½ bis 1 Wierfel frësch Hief (20-40 g)

• 150 ml & 75-100 ml planzlech Mëllech (z.B. Sojamëllech)

• 50 g Margarine, geschmolt

• 1 Zoppeläffel & 60 g Zocker (wäissen oder brongen)

• E bësse Salz

• Planzlechen Ueleg fir ze frittéieren (z.B. Sonneblummenueleg)

• Pudderzocker


Zoubereedung:

1. D’Miel an eng grouss Schossel ginn an dann an der Mëtt ee Lach formen

2. 150 ml planzlech Mëllech opwierme bis se wotlech ass

3. 1 Zoppeläffel Zocker & d’Hief an der wotlecher Mëllech opgoe loossen

4. Dëse Mix an d’Lach schëdden, e bësse Miel dobäi ginn a fir ronn 10 Minutte roue loossen

5. De Rescht vun der planzlecher Mëllech, den Zocker, déi geschmolte Margarine an d’Salz an d’Schossel dobäi ginn

6. Alles mat engem Läffel vermëschen a fir e puer Minutte mat den Hänn knieden, bis et eng fest Deegbull gëtt (wann den Deeg ze pecheg ass, e bësse Miel dobäi ginn)

7. D’Schossel zoudecken an den Deeg fir ronn 1 Stonn opgoe loossen, bis en zweemol méi grouss gëtt

8. Den Deeg nach eemol kuerz knieden an op enger Aarbechtsplack mat e bësse Miel ausrullen op ca. 1 cm Déckt

9. A Sträife vu ronn 2 cm Breet an 10-15 cm Längt schneiden

10. Déi eenzel Sträife jeeweils zu engem Knuet formen

11. Den Ueleg an engem klengen Dëppen opwiermen, op ca. 180 Grad Celsius

12. All Verwuerelte fir ronn 2 Minutten pro Säit frittéieren, bis e gëllebrong gëtt

13. Op engem Teller mat Pabeierzerwéiten ofkille loossen, an eventuell nach Pudderzocker dobäi ginn

Episoden

Madeleinen

Madeleinen

Dee fluffegen Dessert aus Frankräich
headphones

4 min

play_arrow
Pesto mat Muertegréngs

Pesto mat Muertegréngs

Lecker Pesto Alternativ, fir d’Muertegréngs och mol ze benotzen
headphones

10 min

play_arrow
Äppeltaart Smoothie

Äppeltaart Smoothie

Ee gesonde Smoothie dee no Äppeltaart schmaacht
headphones

3 min

play_arrow
Lasagne

Lasagne

E Klassiker, veganiséiert
headphones

5 min

play_arrow
Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)

Eisekuch mat tierkeschem Flair (Baklava-Topping)

Eisekuch mat Baklava-Geschmaach, wéi deen tierkesche séissen Dessert mat Pistaschen.
headphones

2 min

play_arrow
Bouillon mat Pak Choi

Bouillon mat Pak Choi

Eng Zopp mat vill gesondem Geméis
headphones

4 min

play_arrow
Carrot Cake Muffins

Carrot Cake Muffins

E Rezept fir de Rescht Muerte vun Ouschteren ze benotzen.
headphones

3 min

play_arrow
Chai Latte

Chai Latte

En ayurvedeschen Drink mat ville Gewürzer
headphones

2 min

play_arrow
Brioche mat Schockelasstécker

Brioche mat Schockelasstécker

Perfekt fir d'Ouschterzäit
headphones

6 min

play_arrow
Hieselnoss Smoothie

Hieselnoss Smoothie

E gudde Smoothie fir en Energiekick!
headphones

1 min

play_arrow
Miso Zopp

Miso Zopp

Eng authentesch japanesch Zopp
headphones

6 min

play_arrow
Kniddelen

Kniddelen

Lëtzebuerger Rezept perfekt fir den Enn vum Wanter
headphones

6 min

play_arrow
Crèmeg Champignonszooss fir Pasta

Crèmeg Champignonszooss fir Pasta

Op Basis vu Cashewnëss
Veganen Cheesecake Parfait

Veganen Cheesecake Parfait

E schnellen Dessert, perfekt fir Vältesdag
headphones

4 min

play_arrow
Verwuerelter

Verwuerelter

Déi vegan Versioun vum Lëtzebuerger Klassiker fir Fuesent
Nuddele mat rouder Paprikazooss

Nuddele mat rouder Paprikazooss

Crèmeg Zooss mat gereechertem Paprika
headphones

5 min

play_arrow
Vegan Carbonara

Vegan Carbonara

E Pasta-Klassiker, veganiséiert
headphones

7 min

play_arrow
Vegane French Toast

Vegane French Toast

Perfekt fir ee séisse Brunch!
headphones

4 min

play_arrow
Pizza

Pizza

En einfacht Rezept fir e flotte Pizzaowend doheem
headphones

6 min

play_arrow
Pho Zopp

Pho Zopp

Vietnameesesch Zopp mat Nuddelen
headphones

7 min

play_arrow