Dauer: 10 Minutte Virbereedung a 15 Minutte Baken
Fir ronn 18 Madeleinë brauche mir:
- 120 g Weessmiel
- 1 Kaffisläffel Bakpolver
- 90 g Zocker (oder manner)
- ¼ Kaffisläffel Salz
- 120 ml planzlech Mëllech (z. B. Sojamëllech)
- 45 ml Ueleg (z. B. Canola (Raps-)- oder Sonneblummenueleg)
- 1 Zoppeläffel Zitrounejus
- 1 Kaffisläffel Vanillsextrakt
Zoubereedung:
1. De Schäffchen op 175 Grad Celsius opwiermen
2. Eng Madeleine-Form afette mat veganer Margarinn oder Ueleg
3. D’Weessmiel duerch ee Sift an eng grouss Schossel ginn
4. Den Zocker, d’Salz an de Bakpolver dobäi mëschen
5. An enger anerer Schossel de Rescht vun de Saachen zesummemëschen, an dann an déi grouss Schossel dobäi ginn
6. Alles gutt vermëschen
7. Jee een Zoppeläffel vum Deeg an déi kleng Forme ginn
8. Fir 12-15 Minutte baken, bis d’Madeleinë gëllebrong sinn (Zahnstochertest maachen: wann den Zahnstocher propper erauskënnt, da sinn d’Madeleinë gutt)
9. D’Madeleinen ofkille loossen an dann aus de Formen eraushuelen