Dauer: 10 Minutten
Mir brauchen:
- Ronn 350 ml vegan Mëllech
- 1 Säckelche schwaarzen Téi
- 1 Zoppeläffel Kanéilpudder
- 1 Kaffisläffel Ingwerpudder
- 1 Kaffisläffel Muskatpudder
- ½ Kaffisläffel Nelken (Pudder oder ganz)
- ¼ Kaffisläffel schwaarze Peffer
Zoubereedung:
1. Alles an ee klengt Dëppe schëdden, gutt verréieren, a fir ronn 10 Minutte bei mëttlerer Hëtzt kache loossen
2. Als Dekoratioun kann ee duerno z. B. Sternanis op de Schaum leeën
Klengen Tipp:
Fir den Chai Latte oder allgemeng Mëllech ganz schaumeg ze kréien, kann ee se einfach an eng French Press ginn a fir e puer Minutten de Sift erof- an eropbeweegen.