Dauer: 15 Minutte Virbereedung & 20 Minutte Baken
Mir brauchen:
Fir den éischten Deel:
- 380 g Weessmiel (z. B. Typ 55)
- 240 g brongen Zocker
- 3 Kaffisläffele Bakpolver
- ½ Kaffisläffel Baksoda
- 4 Kaffisläffele Kanéilpolver
- 1 Kaffisläffel Muskatpolver
- ½ Kaffisläffel Ingwerpolver
- E bësse Salz
Fir den zweeten Deel:
- 250 g Muerten, a kleng Stécker geraaspelt
- 270 ml planzlech Mëllech
- 125 ml neutrale planzlechen Ueleg
- 80-100 g Walnëss, gehackt
- 1 Zoppeläffel Äppelesseg (alternativ Zitrounejus)
- 1 Kaffisläffel Vanillsextrakt
Fir de Streisel (optional):
- 65 g Weessmiel
- 30 g Huewerflacken
- 45 g planzlech Margarinn, oder Kokosnossueleg
- 25 g Zocker
- ½ bis 1 Kaffisläffel Kanéilpolver
Zoubereedung:
1. De Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen an d’Muffin Bakform virbereeden (Tipp: e bëssen Ueleg ënner d’Bakpabeiere pinselen)
2. Alles vum éischten Deel an enger grousser Schossel vermëschen
3. Alles vum zweeten Deel dobäi mësche bis alles een Deeg ass
4. Mat engem Glacëläffel jeeweils eng Bull vum Deeg an eng Muffinform schëdden, bal bis um Rand
5. Fir de Streisel alles an enger Schossel vermëschen an op d’Muffins drop streeën
6. Fir 20-25 Minutte baken (Tipp: een Zahnstocher an d’Mëtt vun engem Muffin stiechen, wann en dréchen/ouni Deeg erauskënnt, sinn d’Muffins gutt)
7. D’Muffins fir ronn 15 Minutten an der Bakform ofkille loossen an esou oder mat Pudderzocker genéissen