Dauer: 45 Minutten
Fir ronn 4 grouss Schosselen
Fir de Pho Bouillon brauche mir:
- 1 Zoppeläffel Ueleg (z. B. Sonneblummenueleg)
- 1 Zwiwwel, a véier Stécker geschnidden
- 4 Knuewelekzéiwen, zerdréckt
- 15 cm Ingwerstéck, an dënn Scheiwe geschnidden
- 1 grouss Muert, a Scheiwe geschnidden
- 1 Pastinak, a Scheiwe geschnidden
- 3 Sternanis
- 4 Nelken
- 1 Kanéilsstaang
- 2 L Geméisbouillon
- 1 Zoppeläffel Misopaste
- 1 Zoppeläffel Tamari- oder Sojaszooss
Fir den Tofu:
- 400 g Naturtofu
- 1 Zoppeläffel Seesam-, Kakuettenueleg oder anere Planzenueleg
- 1 Zoppeläffel Tamari- oder Sojaszooss
- 2-3 Zoppeläffele Maisstäerkt
Fir d’Pho Zopp:
- 200 g Räisnuddelen
- 80-100 g Shiitake-Champignonen (oder aner Champignonen), a Scheiwe geschnidden
- Pak Choi (op d’mannst 2)
- Optional: Koriander, frësch oder gedréchent
- Optional: Peffermënz, frësch oder gedréchent
- Optional: Seesamkären
- Optional: 1 bis 2 Limetten
Zoubereedung vum Pho Bouillon:
1. An engem groussen Dëppen den Ueleg opwiermen
2. D’Zwiwwelen, de Knuewelek an den Ingwer dobäiginn a fir ronn 3 Minutte réischteren
3. D’Muerten, d’Pastinaken, de Sternanis, d’Nelken an d’Kanéilsstaang dobäiginn, a fir ronn 3 Minutte weider réischteren
4. De Geméisbouillon dobäiginn
5. D’Misopaste, d’Tamari- oder Sojaszooss dobäiginn
6. En Deckel op d’Deppe leeën a fir op d’mannst 45 Minutten bei niddereger Hëtzt kache loossen
7. De Bouillon duerch e Sift an een anert Dëppe schëdden
8. D’Geméis an d’Gewierzer opfänken
9. D’Nuddelen zesumme mat de Shiitake-Champignone kachen, a fir déi lescht puer Minutten de Pak Choi dobäiginn
10. A grousse Schosselen zerwéieren. Fir d’éischt d’Nuddelen, d’Shiitake-Champignonen an de Pak Choi an d’Schossele ginn, dann de Pho Bouillon dobäiginn
11. Mat den Tofu-Wierfelen dekoréieren
12. Optional als Dekoratioun: Seesamkären, Peffermënz, Koriander, Limetten
Zoubereedung vum knuspregen Tofu:
1. De Schäffchen op 200 °C Ober-/Unterhitze opwiermen
2. Ee Bakblech mat Bakpabeier beleeën
3. Den Tofu an ee grousst Kichenduch wéckelen an dréche pressen
4. Den Tofu a Wierfele schneiden a nach eemol dréchen optuppen an eng grouss Schossel ginn
5. Den Ueleg an d’Tamari- oder Sojaszooss dobäiginn an alles vermëschen
6. D’Maisstäerkt driwwer stréien an nach eemol durechmëschen
7. D’Tofuwierfelen op d’Bakpabeier leeën, mat genuch Ofstand tëschent all Wierfel
8. Fir op d’mannst 25 Minutte baken