Dauer: ronn 1 Stonn (dovunner 30 Minutten am Frigo)
Fir den Hammbier Kompott brauche mir:
• 380 g gefrueren Hammbier (alternativ z.B. Äerdbier)
• 2 Zoppeläffele Kristallzocker
• 2 Zoppeläffele Waasser
• 2 Kaffisläffelen Zitrounejus
Fir d’Cheesecake Fëllung:
• 230 g planzleche Jughurt (z.B. Sojajughurt)
• 170 - 190 g Cashewnëss
• 50 g Kristallzocker
• 2 Zoppeläffelen Zitrounejus
• 1 Zoppeläffel Äppelesseg
• 1 Kaffisläffel Vanillsextrakt
• 1/8 Kaffisläffel Salz
Fir d’Kichelcherschicht brauche mir:
• 180 – 200 g Kichelcher
• 3 Zoppeläffele planzlech Margarine (geschmolt)
Optional als Dekoratioun:
• Frësch Hammbier
Zoubereedung:
1. D’Cashewnëss an engem Deppe mat Waasser fir ronn 15 Minutte kache loossen (oder bis se mell sinn) (Alternativ: fir ronn 4 Stonnen an enger Schossel mat waarmem Waasser aweeche loossen)
2. An engem klengen Dëppen alles fir den Hammbier Kompott matenee vermëschen a fir ronn 10 Minutte kachen (ëmmer erëm dra réieren)
3. An eng Schossel mat engem Deckel ginn an an de Frigo stellen
4. An engem Mixer alles fir d’Cheesecake Fëllung vermëschen
5. An engem Mixer déi geschmolte Margarine an d’Kichelcher vermëschen
6. D’Glieser fëllen: jeeweils eng Kichelchersschicht (gutt mat engem Läffel ofdrécken), eng Schicht Cheesecake Fëllung an eng (kleng) Schicht Hammbier Kompott
7. En Deckel op all Glas ginn an all d’Glieser fir ronn 30 Minutten an de Frigo stellen
8. Esou genéissen, oder mat frëschen Hammbier uewendrop