Dauer: 25 Minutte fir d’Eisekuchen an 2 Minutte fir de Baklava-Topping
Fir ronn 8 Eisekuche brauche mir:
- 156 g Weessmiel (Typ 55)
- 3 Zoppeläffele wäissen oder brongen Zocker
- 2 Kaffisläffele Bakpolver
- ¼ Kaffisläffel Salz
- 300 ml planzlech Mëllech (z. B. Sojamëllech)
- 2 Zoppeläffele geschmolte Kokosnossueleg an e bësse fir an d’Eisen ze pinselen
- 3 Kaffisläffele Vanillsextrakt
Fir de Baklava-Topping brauche mir:
- 30 g Pistaschen
- 30 g Walnëss
- 30 g Kürbiskären
- 3 Zoppeläffelen Ahornsirop (alternativ Agavendicksaft)
- 3 Zoppeläffele geschmolte planzlech Margarinn
Zoubereedung vun den Eisekuchen:
1. D’Eisekuchen-Eisen opwierme loossen
2. An enger grousser Schossel d’Weessmiel, den Zocker, de Bakpolver an d’Salz zesumme mëschen
3. D’planzlech Mëllech, de Kokosnossueleg an de Vanillsextrakt dobäi mëschen
4. Wann d’Eisekuchen-Eise waarm ass, e bësse Kokosnossueleg dra pinselen
5. Ronn eng Zoppekäll Deeg pro Eisekuch an d’Eise schëdden, zoumaachen, esou laang zouloosse bis keen Damp méi vun de Säiten erauskënnt, fir ronn 3 bis 5 Minutte, bis d’Eisekuchen eng gëlle Faarf hunn
Zoubereedung vum Baklava-Topping:
1. Alles an ee Mixer ginn a fir ronn 2 Minutte mixen (et sollen nach kleng Stécker dra bleiwen)
2. Mat engem Glacëläffel jeeweils eng Bull Baklava-Topping op d’Eisekuche ginn an eventuell nach Ahornsirop dobäi ginn