Dauer: 20 Minutte Virbereedung & 20 Minutte Kachen
Fir véier Portioune brauche mir:
• 280 g Weessmiel (z. B. Typ 55)
• 400 ml planzlech Mëllech (z. B. Sojamëllech)
• 1 Kaffisläffel Salz fir den Deeg
• 2 Kaffisläffele Salz fir an d’Waasser
Zoubereedung vun de Kniddelen:
1. D’Miel, d’Mëllech an d’Salz an enger grousser Schossel mat engem Läffel vermëschen
2. Den Deeg fir ronn 20 Minutten an der Schossel roue loossen
3. Waasser an engem groussen Dëppen opkachen
4. Jeeweils ee groussen Zoppeläffel vum Deeg an d’Dëppe ginn
5. Wann d’Kniddelen uewen um Waasser schwammen, nach fir eng Minutt weider kachen, a no a no eraushuelen an an ee Sift ginn
6. Entweder esou genéissen, a Margarine ubroden, mat gereechertem Tofu, oder mat enger crèmeger Champignonszooss
Rezept fir déi crèmeg Champignonszooss:
Dauer: 10 Minutte Virbereedung & 25 Minutte Kachen
Mir brauchen:
• 50 – 80 g Cashewnëss
• 150 – 240 ml Waasser (deemno wéi crèmeg d’Zooss soll sinn)
• 2 Zoppeläffele planzlechen Ueleg (z. B. Olivenueleg)
• 200 – 280 g Champignone
• 1 Zwiwwel, a kleng Stécker geschnidden
• 3 Knuewelekszéiwen, kleng gehackt
• Optional: 100 - 120 ml Wäisswäin
• 1 Kaffisläffel Moschter
• Salz a Peffer
• Optional: frësch Kraider (z. B. Basilikum oder Dill)
Zoubereedung:
1. D’Cashewnëss fir ronn 10 Minutten an engem klengen Dëppe mat Waasser opkachen (bis se mëll sinn)
2. An engem Mixer d’Cashewnëss mam Waasser vermëschen, bis et eng Crème gëtt
3. An enger Pan oder engem Dëppen den Ueleg opwiermen, d’Champignonen dobäi ginn a fir e puer Minutte kachen
4. D’Zwiwwelstécker an d’Knuewelekstécker dobäiginn a fir e puer Minutte kachen
5. De Wäin dobäi ginn a weider fir e puer Minutte kachen
6. De Moschter dobäi ginn
7. D’Cashewcrème dobäi mëschen
8. D’Zooss bei Nuddele ginn
9. Optional: frësch Kraider dobäi ginn