Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Et ass déi lescht Episod virun der Summervakanz; den 12. September si mer nees mat enger neier Episod fir Iech do. Mäin Numm ass Diane Lecorsais. An dësen Neiegkeeten: D’Tramsstreck gëtt ausgebaut. Bis 2033 fiert den Tram vun der Stäreplaz bis bei den CHL. An: Fir op den Autobunnen an der Belsch ze fueren, brauch ee geschwënn eng Vignette.
Tramsstreck:
An der Chamber hunn d’Deputéiert dës Woch alleguer “Jo” zum Ausbau vun der Tramsstreck gesot.
Vun 2033 u fiert de Stater Tram vun der Stäreplaz aus bis bei de Centre hospitalier de Luxembourg.
Déi nei Tramsstreck gëtt 2,1 Kilometer laang. Den Tram bleift op 4 neie Statioune stoen.
Op engem Deel vun der Streck fiert en duerch en Tunnel.
De Projet soll 171 Milliounen Euro kaschten.
De Chantier fänkt 2029 un.
Projet ALPHA
Dës Woch huet den Educatiounsministère éischt Resultater vum ALPHA-Pilotprojet matgedeelt.
De Projet ALPHA gesäit vir, datt Schoulkanner vu September u wiele kënnen, op si op Däitsch oder Franséisch liesen, schreiwen a rechne léieren.
Bis elo gouf et dee Choix net well d’Kanner zu Lëtzebuerg d’Alphabet op Däitsch geléiert hunn.
De Projet ALPHA gouf véier Joer laang a véier verschiddene Schoule getest.
Den Educatiounsminister Claude Meisch sot, d’Resultater wieren encourageant.
Zil vum Projet ALPHA wier et, Ongläichheeten am Schoulsystem ze stoppen.
Gefor vu Bränn
Wéinst deem waarmen an dréchene Wieder klëmmt d’Gefor vu Bränn an der Natur.
Leschte Sonndeg hat et zum Beispill zu Konsdref gebrannt.
D’Rettungsdéngschter ruffen d’Biergerinnen a Bierger dozou op, gutt opzepassen: Et soll ee keng Zigarettestëmp op de Buedem geheien an dobausse kee Feier umaachen.
Grille soll een nëmmen op Plazen, déi dofir geduecht sinn.
Et soll een net mam Auto iwwer Wisen, Felder an duerch Bëscher fueren.
Wann een e Feier bemierkt, soll ee sech a Sécherheet bréngen an den Noutruff alarméieren.
Peage op Autobunnen an der Belsch
Vu Mee 2027 u muss een op den Autobunnen an der Belsch Peage bezuelen.
Dat fënnt déi lëtzebuergesch Mobilitéitsministesch Yuriko Backes net gutt.
D’Ministesch hätt léiwer eng europäesch Léisung gesinn.
Esou missten d’Leit an Europa lauter verschidde Vignettë kafen.
Si fäert och, datt et a verschiddene Gemengen zu Lëtzebuerg wéinst der Vignette méi Trafic wäert ginn.
Autoschauffere kéinten iwwer kleng Stroosse fueren amplaz iwwer d’Autobunn, fir keng Vignette mussen ze kafen.
Eng Vignette soll 90 Euro fir en Elektroauto an 100 bis 120 Euro fir en aneren Auto kaschten.