arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

Hëtztwell am Mee: Och zu Lëtzebuerg aussergewéinlech waarm

A sämtlechen europäesche Länner goufen Temperaturrekorder fir de Mount Mee gebrach, zum Beispill a Frankräich an a Groussbritannien. Och zu Lëtzebuerg war et aussergewéinlech waarm fir e Mount Mee, mat Temperaturen iwwer 30 Grad. De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux hat dowéinst fir e puer Deeg  hannerteneen eng giel Warnung wéinst Hëtzt erausginn. Dat ass déi niddregst vun den dräi Warnstufen. D‘Leit goufen opgeruff, sech virun der Hëtzt ze schützen, genuch ze drénken a physesch Aktivitéiten dobaussen esou gutt wéi méiglech ze evitéieren.

An engem Interview mam Radio 100,7 huet de Luca Mathias vu MeteoLux erkläert: D‘Temperaturen hei am Land louchen 10 Grad iwwer den Duerchschnëttstemperature vum Mount Mee.

Klimatologe weltwäit hunn hirersäits widderholl: Wéinst der Klimaerwiermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt, ginn Hëtztwelle mat grousser Warscheinlechkeet an Zukunft méi heefeg, méi laang a méi intensiv. 

Stauséi: Groussen Undrang fir Schwammen ze goen 

Um Stauséi war wéinst de waarmen Temperaturen déi lescht Deeg natierlech vill lass. De Stauséi, am Norde vum Land, ass eng beléifte Plaz zu Lëtzebuerg fir schwammen ze goen. Mee fir d‘Stauséi-Gemengen a fir d‘Police ass et all Joer eng Erausfuerderung, fir d‘Mass vu Leit ze geréieren. Ee Problem ass zum Beispill d‘Parken, well vill Leit mam Auto op de Stauséi kommen. An ëmmer nees ginn et Leit, déi hiren Auto op Plazen histellen, wou et net erlaabt ass. D‘Police huet iwwer de verlängerte Päischtweekend da 87 Protokoller wéinst falschem Parken um Stauséi verdeelt.

Iechternach: Dausende Leit op der Sprangpressessioun

Trotz der Hëtzt war zu Iechternach wéi all Joer um Péngschtdënschdeg nees d‘Sprangpressessioun. Dës weltbekannte chrëschtlech reliéis Prozessioun ass eng vun de bedeitendsten Traditiounen zu Lëtzebuerg. A si gehéiert zënter 2010 zum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet vun der UNESCO. 

Och dëst Joer sinn nees Dausende Gleeweger a sougenannte "Sprénger" duerch d‘Stroosse vun Iechternach gezunn. Bei der Prozessioun sprangen d‘Leit ëmmer zwee Schrëtt no vir, an ee Schrëtt no hannen. All Joer kommen och vill Pilger aus dem Ausland fir d‘Sprangpressessioun op Iechternach.

Wéinst Inflatioun: Plus 2,5 Prozent bei Salairen a Pensiounen

Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen oder eng Pensioun kréien, kréie méi Suen.

D‘Salairen a Pensioune ginn nämlech op den 1. Juni ëm 2,5 Prozent gehéicht. Op deem Dag erfält nämlech eng sougenannten Indextranche, huet d‘Statistikamt Statec confirméiert. 

Eng Indextranche erfält, wann d‘Inflatioun, also d‘Präisser, klammen an e gewëssene Punkt erreechen. Deen Ament ginn d‘Salairen a Pensiounen zu Lëtzebuerg dann automatesch ëm 2,5 Prozent no uewen ugepasst. 

Episoden

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Tripartite Accord ënnerschriwwen, genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten an d'Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Tripartite, eng Schwämm op der Kockelscheier an en tragescht Kloter-Accident zu Zolwer
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Hëtztwell, Undrang um Stauséi, d'Sprangpressessioun an d'Indextranche
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026

Ried zur Lag vun der Natioun, Congé fir Bluttspenden, an den ESC 2027
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026

Déi éischt Reunioun vun der Tripartite, Gewalt un de Schoulen, de Bilan vun der Luxair a fir Lëtzebuerg ass den Dram vum ESC 2026 eriwwer
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf, schlcht Ëmfrowäerter fir d'CSV, an d'Tripartite
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 04. Abrëll 2026

Drogen um Lëtzebuerger Fluchhafe fonnt, eng Cyberattack, schlecht Aarbechtskonditioune fir d'Prisongspersonal an d'Gewerkschafte protestéieren
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

Erhéijung vum Mindestloun, Gewalt Mannerjäreger a CAVEM
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

Sozial Medien, Tanktourismus, Schéinheetssalonen a Rechnunge beim Dokter
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

Pëtrolspräisser, Waasserverschmotzung an d'Entloossung vum Fussballnationaltrainer vun den Dammen
headphones

3 min

play_arrow