arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

Sozial Medien: Lëtzebuerg wëllt Verbuet fir Jonker

Och Lëtzebuerg wëllt Instagram, TikTok an aner Plattforme fir Kanner a jonk Leit verbidden, wa si nach net al genuch sinn. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch an der Chamber annoncéiert.

Wéini dee Verbuet kënnt sot hien net. De Minister huet och nach keen Alter genannt. 

An Australie muss ee 16 Joer al si fir d’Sozial Medien däerfen ze benotzen. Australien ass dat éischt Land op der Welt, wou dat decidéiert gouf.

Tanktourismus: Streng Reegelen

Et kommen nach ëmmer vill Leit op Lëtzebuerg tanken. D‘Pëtrolspräisser sinn zwar wéinst dem Krich am Noen Oste geklommen, mee de Bensinn an Diesel ass nach ëmmer méi bëlleg hei am Land, ewéi an den Nopeschlänner.

Et gëllen awer streng Reegele wann ee Sprit a Kanistere fëllt fir se mat iwwer d’Grenz ze huelen.

De Radio 100,7 huet dat nogekuckt. Zum Beispill däerf een zu Lëtzebuerg selwer nëmmen 20 Liter mat am Auto mathuelen. Dee Sprit däerf een awer net fir den Auto benotzen, mee nëmme fir Maschinnen, déi net op der Strooss fueren, zum Beispill Méimaschinnen.

Schéinheetssalonen: Police kontrolléiert

D’Schéinheetssalonen zu Lëtzebuerg goufen dës Woch vun der Police a vun Experten aus dem Gesondheetsministere kontrolléiert.  Si hu gekuckt, ob dës Salonen déi néideg Autorisatiounen a Qualifikatiounen hunn. 

D’Autoritéite soen, et wier wichteg dat ze kontrolléieren. Bei verschiddene Behandlunge gëtt et e Risiko fir d’Gesondheet. Fir Sprëtze mat Botox, zum Beispill, muss d’Personal eng speziell Formatioun a Qualifikatioun hunn.

Wann d’Schéinheetssalonen déi Reegelen net respektéieren, da riskéiere si Geldstrofen.  D’Autoritéite kënnen och Equipementer a Produite mathuelen.

D’Resultater vun de Kontrollen dës Woch si nach net bekannt. Déi Kontrolle ginn an den nächste Woche weider.

Rechnunge beim Dokter: 50 Prozent hunn neie System

Ëmmer méi Dokteren an Zänndokteren zu Lëtzebuerg féieren den neie System an, fir d’Rechnungen ze bezuelen. Domat muss ee beim Dokter nëmmen nach dat bezuelen, wat een net vun der Krankekeess rembourséiert kritt.

Et huet zimmlech laang gedauert bis méi Dokteren dëse System vun der "direkter Bezuelung" ageféiert hunn. Mee an Tëschenzäit hu ronn 50 Prozent - also d‘Hallschent - vun den Dokteren an Zänndokteren deen neie System ageféiert. Dat huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez dës Woch ugekënnegt.

Weltglécksrapport: Lëtzebuerg op der Plaz 9

Lëtzebuerg gehéiert zu den 10 Länner op der Welt, wou d’Leit am glécklechste sinn. Dat behaapt den neie Weltglécksrapport vun der Uni vun Oxford. Do kënnt Lëtzebuerg op déi néngte Plaz.

Am allerglécklechste sinn d’Leit nach ëmmer, wéi et schéngt, an de skandinavesche Länner. Finnland ass och dëst Joer nees op der éischter Plaz. Hannendru kommen Island an Dänemark.

Episoden