Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäin Numm ass Pierre Reyland. Zwee Theemen hunn d‘Neiegkeeten dominéiert: Engersäits d‘Affär iwwert de Lëtzebuerger Dokter Philippe Wilmes. Hien däerf weider keng Operatioune méi maachen. An de Premier Luc Frieden huet eng Tripartite-Krisesëtzung fir de Juni ugekënnegt fir op d‘Energiekris wéinst dem Krich am Noen Osten ze reagéieren.
Affär Wilmes: Dokter däerf weider keng Operatioune maachen
De Lëtzebuerger Dokter Philippe Wilmes dierf weider keng Operatioune méi maachen. D‘Gesondheetsministerin Martine Deprez huet déi provisoresch Suspendéierung vum Orthoped ëm weider 21 Méint verlängert. De Philippe Wilmes kritt virgehäit, Operatioune vu Kräizbänner u Knéie gemaach ze hunn, obwuel eng Operatioun net néideg gewiescht wier.
D‘Ministerin huet d‘Suspendéierung vum Dokter verlängert, nodeems dräi franséisch Experten 10 Operatioune vum Philippe Wilmes ënnersicht hunn. An hirem Rapport waren déi dräi Experte sech eens: Bei allen 10 Fäll wier et net néideg gewiescht d‘Kräizband um Knéi ze operéieren. Et kéint een dofir bei dësen Operatioune vu medezinescher Verstümmelung schwätzen. De Rapport vun den Experte gouf elo och un de Parquet weidergeleet.
Den Dokter Philippe Wilmes behaapt weider, hien hätt näischt falsch gemaach. Hie kritiséiert d‘Experten a seet hire Rapport wier medezinesch net korrekt.
Energiekris: Premier annoncéiert Tripartite
De Premier Luc Frieden reagéiert op d‘Energiekris wéinst dem Krich am Noen Osten. Och zu Lëtzebuerg bleiwen d‘Energiepräisser héich. Dofir huet de Premier eng Tripartite fir de Juni ugekënnegt. Eng Tripartite ass ee Kriseninstrument. D‘Regierung rifft do d‘Sozialpartner zesummen, also Vertrieder vun de Gewerkschaften an de Betriber. Si diskutéieren dann zesummen iwwer eventuell Mesuren an dëser Kris. Et ass méiglech, datt nei finanziell Hëllefe fir d‘Leit a fir d‘Betriber decidéiert ginn.
De Premier stoung an de leschte Méint ënner Drock fir eng Tripartite ofzehalen. “Wéinst der Kris am Noen Osten ass elo de richtege Moment“, sot hien. De Premier fäert, datt déi héich Energiepräisser negativ Konsequenze fir d‘Leit, d‘Betriber an d‘Wirtschaft kéinten hunn.
D‘Gewerkschafte wëlle bei dëse Gespréicher awer net nëmmen iwwer d‘Energiepräisser, mee och iwwer aner Theeme schwätzen, dorënner de Mindestloun. D‘Gewerkschafte soen, datt de Mindestloun zu Lëtzebuerg nach ëmmer ze niddereg ass, fir domat liewen ze kënnen.
CNA: Direkter trëtt zeréck
No de villen Diskussiounen iwwer Problemer beim nationalen audiovisuellen Zenter CNA ass den Direkter Gilles Zeimet elo zeréckgetrueden. Hie stoung ënner anerem ënner Drock, well Fotoe vun där berüümter Sammlung “The Family of Man“ vum Edward Steichen ënner schlechte Konditiounen ausgestallt goufen.
D‘Fotoe waren a Raim ausgestallt, wou et fiicht war. Den CNA-Direkter an de Kulturminister Eric Thill soten ëmmer, datt d‘Fotoe just eng kuerz Zäit a fiichte Raim ausgestallt goufen. Analyse weisen awer, datt et méi laang war wéi just e puer Minutten.
De Kulturminister huet zouginn, datt hie falsch Informatiounen erausgouf. Hien huet sech dofir entschëllegt. Et ass nach net kloer, ob d‘Fotoe beschiedegt goufen an, wa jo, wéi schlëmm de Schued ass.
“The Family of Man“ ass eng vun de bekanntste Fotosammlungen op der Welt. Si gouf 1955 vum Edward Steichen zesummegestallt. Hie gouf zu Lëtzebuerg gebuer. D‘Sammlung ass permanent am Schlass zu Clierf ënnerbruecht.