Mindestloun
Dës ganz Woch gouf iwwer ee grousst Theema gestridden: D’Erhéijung vum Mindestloun. E Freideg huet d’Regierung dunn tranchéiert: Et gëtt elo keng Erhéijung vum Mindestloun gemaach. Mee dee geet awer an d’Luucht. An zwar ëm 2,5 Prozent duerch eng Indextranche, mat där am Summer gerechent gëtt. Derbäi kënnt den normalen Ajustement vun 3,8 Prozent. Op deem Punkt wëllt d’Regierung Entreprisen ënnerstëtzen. Si iwwerhëlt 1,3 Prozentpunkte vun dëser Upassung.
Den OGBL ass schockéiert iwwer déi Regierungsdecisioun: D’Gewerkschaft ass rosen, datt net weider verhandelt gouf, an och datt d’Patronat finanziell ënnerstëtzt gëtt. D’Gewerkschaft huet Protestaktiounen ugekënnegt.
Gewalt Mannerjäreger
6 Jonker tëschent 13 a 17 Joer sinn an de Prisong op Schraasseg bruecht ginn. Dat huet de Parquet Ufank der Woch matgedeelt. Zu Dräibuer, an der Struktur fir Mannerjäreger, ass den Ament keng Plaz. Déi 6 haten d’lescht Woch e 14 Joer ale Bouf zu Bouneweg am Park Kaltreis zerschloen. De Parquet schwätzt vu ganz schlëmmer Gewalt.
CAVEM
D’CAVEM ass faillite. Zënter méi ewéi 50 Joer ass déi privat Museksschoul eng Institutioun zu Lëtzebuerg. Elo awer gëtt den Direkter vermësst. D’Enseignanten, déi bleiwen, sichen no enger Léisung a probéieren hir Schoul nach ze retten. Dat awer gëtt eng Course géint d’Zäit: d’Gebai zu Bouneweg wäert warscheinlech verluer goen. D’Proffe wëssen, datt si d’Schüler net ze laang kënnen am Onklore loossen.
Dreck
All Joer geheit all Awunner hei am Land 154 Kilo Dreck an déi gro Dreckskëscht. Dat ass es manner ewéi nach virun e puer Joer. An awer ass et nach ze vill. Besonnesch well 75 Prozent vun deem Offall guer net an déi Dreckskëscht gehéiert. Dat huet elo eng Etüd erausfonnt. Well nach ëmmer fënnt een hei zum Beispill Pabeier, Plastik a Bio-Offäll. E groussen Deel kéint evitéiert oder recycléiert ginn.
Wollef
Am Éislek ware viru kuerzem zwee Wollefsweibecher ënnerwee. Dat huet d’Naturverwaltung dës Woch confirméiert. Ee vun dëse Wollefsweibecher hat am Februar am Raum Wëntger 5 Schof dout gebass. Dat anert Weibchen hat zu Hengescht och Schof dout gemaach. Et ass net gewousst, ob déi zwee den Ament och nach do sinn. Am noen Ausland gëtt et zënter e puer Joer Wollefsruddelen. Bis elo huet bei eis awer nach kee sech fest installéiert.