arrow_back_ios

D'Neiegkeeten

100komma7.lu / D'Neiegkeeten

/ D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

D’Aktualitéit hei am Land gouf des Woch vun engem schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf dominéiert, mee och vu schlechten Ëmfroe fir d’Regierung – an och vu Preparatiounsgespréicher fir d’Tripartite.D’Regierung huet do e Mëttwoch  eenzel mat de Gewerkschaften an och eenzel mat de Patrone geschwat. An der Tripartite setzen déi dräi zesummen un engem Dësch. Déi éischt Reunioun do ass an der neier Woch den 12. Mee.

Quadripartite

E Mëttwoch war och Quadripartite vun der CNS, der Gesondheetskeess. Do setzen och verschidde Partner um Dësch – nämlech d’ Regierung, d’Gewerkschaften, d’Patronen, mee och d’Prestatairen. An der  Gesondheetskeess muss gespuert ginn, d’läscht Joer huet d’CNS e Minus vun 100 Milliounen Euro gemaach. E Mëttwoch goufen esou verschidden Iddien zesumme gedroen, wéi ee bis den Hierscht 95 Milliounen Euro ka spueren. Eng Iddi ass do, dass d’Doktere méi bëlleg Medikamenter an och manner Seancë beim Kiné solle verschreiwen.

Sonndesfro

En Dënschdeg nach koumen d’Resultater vun enger neier Ëmfro eraus – d’Leit goufe gefrot, wat si géife maachen, wann e Sonndeg Wale wieren. An d’Regierung steet net gutt do : an der Ëmfro huet d’Regierung keng Majoritéit méi. Et ass d’Partei vum Premier Luc Frieden, d’CSV déi vill Stëmme par Rapport zu 2023 géif verléieren – et wier fir si och e Minus vu 6 Sëtz an der Chamber.

Biergcourse zu Eschduerf

Da gouf des Woch och nach vill diskutéiert iwwert en Accident e Sonndeg op der Biergcourse zu Eschduerf. Hei war en Auto vun der Strooss ofkomm, deen dunn an d’Leitplanke gerannt ass. De Pilot vum Auto an eng zweet Persoun goufe liicht blesséiert. Eng weider Fra awer ass gestuerwen. Si war u Bord vun der Course als Streckeposten am Asaz a gouf vum Auto getraff. D’Course ass nom Accident ofgesot ginn. 

Episoden

D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026

Eng Hëtztwell huet Europa a Lëtzebuerg am Grëff: Temperaturrekorder, schoulfäi a Klimawandel
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026

Hëtztwell, Masken, nei international Schoul zu Schëffleng an den Aarbechtsmaart
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026

Tripartite Accord ënnerschriwwen, genuch Suen do fir anti-Krise Mesuren, Lëtzebuerg hëlleft bei Ausbildung vun ukraineschen Zaldoten an d'Parlament stëmmt Gesetzer fir EU-Asylpak
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 6. Juni 2026

Tripartite, eng Schwämm op der Kockelscheier an en tragescht Kloter-Accident zu Zolwer
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 30. Mee 2026

Hëtztwell, Undrang um Stauséi, d'Sprangpressessioun an d'Indextranche
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 23. Mee 2026

Ried zur Lag vun der Natioun, Congé fir Bluttspenden, an den ESC 2027
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 16. Mee 2026

Déi éischt Reunioun vun der Tripartite, Gewalt un de Schoulen, de Bilan vun der Luxair a fir Lëtzebuerg ass den Dram vum ESC 2026 eriwwer
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 08. Mee 2026

Schlëmmem Accident op der Biergcourse zu Eschduerf, schlcht Ëmfrowäerter fir d'CSV, an d'Tripartite
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 02. Mee 2026

Grenzkontrollen, Prozess wéinst Policegewalt an déi amerikanesch Ambassade
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 25. Abrëll 2026

Den Dokter Philippe Wilmes ass ëm weider 21 Méint suspendéiert ginn, de Premierminister Luc Frieden kënnegt eng Tripartite un an den Direkter vum CNA, de Gilles Zeimet ass zeréckgetrueden
headphones

5 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 18. Abrëll 2026

D’Vergréisserung vum Fluchhafen, de Bau vun 11 neie Lycéeën, d'Museksschoul Cavem bleift zou, Vitesskontrolle vun der Police
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 11. Abrëll 2026

Héich Inflatioun, en neie Kollektivvertrag fir d’Uni Lëtzebuerg, d’Luxembourg Pride a Stol vun ArcelorMittal am Wäissen Haus
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 04. Abrëll 2026

Drogen um Lëtzebuerger Fluchhafe fonnt, eng Cyberattack, schlecht Aarbechtskonditioune fir d'Prisongspersonal an d'Gewerkschafte protestéieren
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 28. Mäerz 2026

Erhéijung vum Mindestloun, Gewalt Mannerjäreger a CAVEM
headphones

3 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 21. Mäerz 2026

Sozial Medien, Tanktourismus, Schéinheetssalonen a Rechnunge beim Dokter
headphones

4 min

play_arrow

D'Neiegkeete vum 14. Mäerz 2026

Pëtrolspräisser, Waasserverschmotzung an d'Entloossung vum Fussballnationaltrainer vun den Dammen
headphones

3 min

play_arrow