Ried zur Lag vun der Natioun
Hei am Land gouf d’Aktualitéit dës Woch vun der Ried zur Lag vun der Natioun dominéiert. Dat ass ëmmer e groussen Ament: de Chef vun der Regierung erkläert do, wéi d’Situatioun den Ament ass a wat fir Projeten an den nächsten 12 Méint solle realiséiert ginn.
Dës Kéier huet de Premier Luc Frieden annerhallef Stonn geschwat. Dobäi huet hien awer keng grouss Annoncë gemaach, mee virun allem e Bilan vun de leschten 12 Méint gezunn.
Wéi eng Mesurë wéinst dem Krich am Iran decidéiert ginn, huet de Luc Frieden wéi erwaart net gesot. Do muss nämlech op d’Tripartite gewaart ginn, déi a 14 Deeg zesumme kënnt.
No der Ried gouf de Luc Frieden dunn – och dat war ze erwaarden - vill vun der Oppositioun kritiséiert. Seng Ried wier langweileg gewiescht. Hie géif och d’Realitéit vum Land net kennen. Dat waren zwou vun den Analysen, déi gemaach goufen.
Congé fir Bluttspenden
An der Chamber selwer gouf dann dës Woch géingt eng Propositioun iwwer d’Bluttspende vun der LSAP gestëmmt. D’Sozialisten hate gefuerdert, datt an Zukunft Leit aus dem Privatsecteur 4 Stonne Congé bei géife kréien, wa si Blutt spende ginn. Den Ament hu just Leit déi am ëffentlechen Secteur schafen dee Congé, genee wéi och Leit, bei deenen et am Kollektivvertrag gereegelt ass. D’Regierung hat sech am Virfeld scho géint den zousätzleche Congé fir de Privatsecteur ausgeschwat a sech dobäi op de Koalitiounsaccord beruff.
Eurovision Song Contest 2027
Lëtzebuerg wäert och d'nächst Joer beim ESC derbäi sinn, obscho mir dëst Joer net an d’Final koumen. Dat huet de Luc Frieden nach an der Chamber annoncéiert. Déi Participatioun wier wichteg fir d‘Visibilitéit vum Land, mee och fir der Lëtzebuerger Museks- a Kulturzeen eng international Plattformen ze bidden.