Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Pit Beffort. An dësen Neiegkeeten: Ronn 200 Persoune wiere mat illegalen Dokumenter op Lëtzebuerg komm. An e Grupp vun Associatioune setzt sech fir méi bezuelbare Wunnraum an.
Bedruchsaffär:
De Parquet huet dës Woch eng gréisser Enquête ëffentlech gemaach.
Ronn 200 Persounen aus Länner baussen der EU wiere mat illegalen Dokumenter a Lëtzebuerg agereest.
Si hätten hei Sozialleeschtunge kritt, déi si net hätten dierfe kréien.
D’Justiz enquêtéiert wéinst dem Verdacht op ënner anerem Korruptioun, Fälschungen a Verstéiss géint d’Immigratiounsgesetz.
D’Enquête leeft schonn zënter 2023, mee si ass dës Woch eréischt public gemaach ginn.
Dës Woch sinn och Perquisitioun gemaach ginn, beim Inneministère, beim Héichschoulministère, bei 5 Entreprisen an och bei Privatleit.
An dëser Affär si bis ewell 28 Leit beschëllegt ginn.
Dorënner wieren och 3 Leit, déi beim Staat schaffen.
Begréngungskonzept Stad Lëtzebuerg
D’Stad Lëtzebuerg huet dës Woch e Plang virgestallt fir méi Beem a Planzen an der Stad ze hunn.
D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer sot, d’Gemeng géif schonn zanter 2 Joer un deem Konzept schaffen.
Dat Konzept soll och net kuerzfristeg sinn, mee fir déi nächst 5 bis 10 Joer gëllen.
Alles an allem wiere 37 Plazen an der Stad identifizéiert ginn, wou méi Beem oder Planze sollen hikommen.
Fir unzefänken, soll an dësem Summer a 4 verschidde Quartiere vun der Stad méi Gréngs installéiert ginn.
Dës Moossname sinn an enger éischter Phas awer just temporär.
Bilan Observatoire de l’égalité
Zu Lëtzebuerg ginn et nach ëmmer Ongläichheeten tëschent Mann a Fra.
Dat geet aus dem Joresrapport vum Observatoire de l’égalite entre les genres ervir.
Frae géife méi onbezuelt Aarbecht am Haushalt leeschte wéi Männer.
Frae géifen och nach ëmmer manner gutt bezuelt gi wéi Männer an dofir och manner héich Pensioune kréien.
Am Verglach mat anere Länner aus der EU läit Lëtzebuerg do op der drëttleschter Plaz.
Alles an allem géif et awer och liicht Fortschrëtter ginn.
Zum Beispill ginn ëmmer méi Frae schaffen.
Et wieren och e wéineg méi Frae wéi Männer op der Uni ageschriwwen.
ONG – Wunnengsnout
20 Associatioune fuerdere méi bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg.
Ënner den 20 Associatioune sinn och international Organisatioune wéi Amnesty International an UNICEF.
Hiert Zil ass, datt all Persoun zu Lëtzebuerg Zougang zu enger bezuelbarer Wunneng kritt.
Si fäerten, datt dat an Zukunft net méi kéint de Fall sinn.
D’Associatioune kritiséieren, datt vill Terrainen eidel stinn, op deene gebaut kéint ginn.
Si fuerderen dofir ënner anerem, datt Gemenge per Gesetz gezwonge gi fir bezuelbare Wunnraum ze schafen.